Methode Wëllefcher

Perséinlechen Fortschrëtt

  • De Wëllefchen léiert sech selwer kennen an probéiert selwer eens ze gin (Ech)
  • De Wëllefchen léiert mat deenen aaneren Kanner ze interagéieren (Du)
  • De Wëllefchen iwwerhelt Verantwortung (Mir)

Aktivitéiten

  • D’Aktivitéiten gin vun enger Geschicht oder engem Thema encadréiert
  • D’Aktivitéiten sin ofwiesslungsräich, altersgerecht an erausfuerdernd 
  • Versammlungen sinn d’Kär-Aktivitéiten. Hei entdecken d’Wëllefcher op spillerech Art a Weis Neies

Learning by doing

  • Bei den Wëllefcher éischter „Learning by playing“
  • De Wëllefchen soll sech duerch d’Spillen onbewosst weiderentwéckelen
  • Den Léierprozess besteet aus Feeler maachen an dorauser Schlussfolgerungen zéien
  • Déi kleng Schrëtter, déi zum Resultat féieren sinn méi wichteg wéi d’Resultat selwer

Participatioun

  • Et ass wichteg frai nom B.P. séngem Prinzip „Ask the Boy/Ask the Girl“ ze liewen.
  • Jiddereen kann sech mat abréngen an eppes matbeweegen
  • Dem Wëllefchen seng Iddien sollen eescht geholl gin an an d’Aktivitéiten mat afléissen

Verspriechen

  • D’Wäerter vun den Guiden a Scouten gin dem Wëllefchen op eng altersgerecht Art a Weis vermëttelt an bewosst gemaach
  • D’Wëllefcher sollen des Wäerter verstoen an domadder och den Sënn an Zweck vum Verspriechen