Eise Grupp

Eis Geschicht

Den Ursprong vun den Lampertsbierger Guiden a Scouten geet op den Ufank vum Joer 1934 zeréck. De Kaploun J.P. Conzémius war de Pionéier vun eisem Grupp. Zesummen mam Léo Müller huet hien de Grondsteen vun onsem Veräin geluecht andeem si den 18. Januar 1934 hir Verspriechen ofgeluecht hun.
Den 16.Mee 1934 ass dunn den Léo Müller zum A.S.M ernannt gin; ongeféier een Joer méi spéit, den 22.Mee 1935, huet hien eng definitiv Ernennung als Scoutsmaster kritt.
Den eischten Camp gouf Peischten 1935 ofgehaalen. 1936 huet eis Troupe 20 Mann gezielt. Well den Léo Müller seng Premiere gemaach huet,huet hien et fir néideg gehalen sech een Assistent zouzeleeën. Den 16. Mee 1936 huet den Vic Schlechter säin A.S.M. gemaach. No der Vakanz 1936 huet den Léo Müller sech als Master zeréckgezunn an Funktiounen un den Vic Schlechter weiderginn.
Eng schwéier Zäit haten ons Scouten wärend der däitscher Occupatioun.
Coeducatioun- e komplizéiert Wuert, wat verschiddenen Guiden- a Scoutsresponsablen Kappzerbrieches bereet huet, ass een weideren wichtegen Schrëtt geweecht. Hei sollten d`Lampertsbierger 1974 mam gudden Beispill virgoen.
1984 hunn d’Lampertsbierger Guiden a Scouten, Grupp Immaculée, hiren 50sten Gebuertsdag gefeiert. Zu dësem Evenement ass deemools och eng Broschür mat interessanten Dokumenter a Photoen erauskomm.