Methode CaraPio

Perséinlechen Fortschrëtt

  • De Pio ass um Wee sech zu engem jonken Erwuessenen ze entwéckelen, seng Perséinlechkeet ze fannen an dës ze festegen.
  • An engem ugebuedenem Kader sollen si sech kënnen zu aktiven a mëndegen Bierger weiderentwéckelen
  • Op hirem Wee vun Autonomie, Unerkennung an testen vun Grenzen gi si begleet

Aktivitéiten

  • D’Iddien sollen haaptsächlech vun den Pio kommen
  • De Pio iwwerhëlt aktiv Chargen beim Plangen vun Weekender a Campen

Learning by doing

  • De Pio soll seng eegen Grenzen kenneléieren
  • Hien soll wichteg Erfarungen um Wee zum Responsabelen sammelen

Participatioun

  • Dem B.P. säin „Ask the Boy/Ask the Girl“ soll voll ausgelieft gi
  • Aventuren an Erliefnisser stinn am Fokus
  • D’Participatioun zitt sech als rouden Fuedem duerch d’CaraPio
  • Autonomie an Selbstbestëmmung gëtt staark gefuerdert

Verspriechen

  • De Carapio soll sech de Sënn vu sengem zukünftegen Engagement bewosst sinn, egal an wéi engem Beräich