Methode AvEx

Perséinlechen Fortschrëtt

  • D’Entwécklung vun den individuellen Fähegkeeten steet am Virdergrond
  • Den Avex kritt am Laf vun der Zäit emmer méi Verantwortung 
  • Hien huet d’Méiglechkeet nei Saachen auszeprobéieren an nei Fähegkeeten ze entdecken an déi och wäert ze schätzen

Aktivitéiten

  • An den Versammlungen erléieren d’Avex ennert Aanerem déi wichtegst Scoutstechniken, déi fir de Camp gebraucht gin
  • Nierft den Scoutstechniken, léiert den Avex och Chargen, wéi Kachen an Spullen, waat als Basis fir eng spéider Onofhängegkeet gëlt
  • Bei all Aktivitéit steet d’Entwécklung vun all Avex am Zentrum

Learning by doing

  • Haaptmethode bei den Avex
  • Den Avex sollseng Fähegkeeten an Talenter ausprobéieren an aus senge Feeler léieren
  • Den Avex kritt ee Kader gebueden an deem hien sech weiderentwéckelen kann
  • Hien fänkt un fir seng Aktiounen Verantwortung ze iwwerhuelen

Participatioun

  • Déi zentral Iddie vun der Participatioun ass d’Matschwätzen, d’Matbestëmmen an d’Matgestalten
  • Et ass wichteg, dass d’Avex eng Plaz hunn, wou si hir Meenung ausdrécken kënnen an gehéiert gin

Verspriechen

  • Den Avex soll sech prett fillen fir säin Verspriechen ze maachen an selwer décidéieren, wéini hien dësen bedeitende Schrëtt machen wëll
  • D’Verspriechen ass een Prozess, bei deem dem Avex bewosst gemaach gëtt, dass verschidden Aspekter a séngem Liewen un Wichtegkeet zouhuelen