Methode Wëllefcher Perséinlechen Fortschrëtt De Wëllefchen léiert sech selwer kennen an probéiert selwer eens ze gin (Ech)De Wëllefchen léiert mat deenen aaneren Kanner ze interagéieren (Du)De Wëllefchen iwwerhelt Verantwortung (Mir) Aktivitéiten D’Aktivitéiten gin vun enger Geschicht oder engem Thema encadréiertD’Aktivitéiten sin ofwiesslungsräich, altersgerecht an erausfuerdernd Versammlungen sinn d’Kär-Aktivitéiten. Hei entdecken d’Wëllefcher op spillerech Art a Weis Neies Learning by doing Bei den Wëllefcher éischter „Learning by playing“De Wëllefchen soll sech duerch d’Spillen onbewosst weiderentwéckelenDen Léierprozess besteet aus Feeler maachen an dorauser Schlussfolgerungen zéienDéi kleng Schrëtter, déi zum Resultat féieren sinn méi wichteg wéi d’Resultat selwer Participatioun Et ass wichteg frai nom B.P. séngem Prinzip „Ask the Boy/Ask the Girl“ ze liewen.Jiddereen kann sech mat abréngen an eppes matbeweegenDem Wëllefchen seng Iddien sollen eescht geholl gin an an d’Aktivitéiten mat afléissen Verspriechen D’Wäerter vun den Guiden a Scouten gin dem Wëllefchen op eng altersgerecht Art a Weis vermëttelt an bewosst gemaachD’Wëllefcher sollen des Wäerter verstoen an domadder och den Sënn an Zweck vum Verspriechen Fir generell Infoen zu deenen verschiddenen Methoden, klickt hei