Methode AvEx Perséinlechen Fortschrëtt D’Entwécklung vun den individuellen Fähegkeeten steet am VirdergrondDen Avex kritt am Laf vun der Zäit emmer méi Verantwortung Hien huet d’Méiglechkeet nei Saachen auszeprobéieren an nei Fähegkeeten ze entdecken an déi och wäert ze schätzen Aktivitéiten An den Versammlungen erléieren d’Avex ennert Aanerem déi wichtegst Scoutstechniken, déi fir de Camp gebraucht ginNierft den Scoutstechniken, léiert den Avex och Chargen, wéi Kachen an Spullen, waat als Basis fir eng spéider Onofhängegkeet gëltBei all Aktivitéit steet d’Entwécklung vun all Avex am Zentrum Learning by doing Haaptmethode bei den AvexDen Avex sollseng Fähegkeeten an Talenter ausprobéieren an aus senge Feeler léierenDen Avex kritt ee Kader gebueden an deem hien sech weiderentwéckelen kannHien fänkt un fir seng Aktiounen Verantwortung ze iwwerhuelen Participatioun Déi zentral Iddie vun der Participatioun ass d’Matschwätzen, d’Matbestëmmen an d’MatgestaltenEt ass wichteg, dass d’Avex eng Plaz hunn, wou si hir Meenung ausdrécken kënnen an gehéiert gin Verspriechen Den Avex soll sech prett fillen fir säin Verspriechen ze maachen an selwer décidéieren, wéini hien dësen bedeitende Schrëtt machen wëllD’Verspriechen ass een Prozess, bei deem dem Avex bewosst gemaach gëtt, dass verschidden Aspekter a séngem Liewen un Wichtegkeet zouhuelen Fir generell Infoen zu deenen verschiddenen Methoden, klickt hei