Verspriechen
Beim Verspriechen geet et dorëms, sech Gedanken iwwert säin Engagement, esouwuel bei den Guiden a Scouten, ewéi och an anere Beräicher vum Liewen, ze maachen. D’Iddi ass fir sech laangfristeg u seng Verspriechen ze halen.
D’Verspriechen zitt sech duerch all d’Branchen an déi Jonk erliewen dësen Moment ëmmer nees nei. Souwuel inhaltlech, ewéi och den Oflaf gëtt dem Alter ugepasst.
D’Versprieche mécht all Guide a Scout haaptsächlech fir sech selwer an ass zu all Moment eng fräiwëlleg a perséinlech Ugeleeënheet. All Guide a Scout soll sech bewosst ginn, wat de perséinleche Wäert vu sengem Verspriechen ass, woubäi de Jonke selwer decidéiert, ob hien et wëll ofleeën a wéini de richtegen Zäitpunkt dofir ass.