Partcipatioun
Zu der Participatioun gehéieren folgend Beräicher: matschwätzen, matgestalten an matbestëmmen.
Déi Jonk gi gefuerdert net nëmmen Iddien matzedeelen, mais si sollen sech och aktiv duerch Matgestaltung an Matbestëmmung abréngen.
Mir wëllen si vu Klengem aus un op dësem Wee begleeden an si soumadder och motivéieren hir Meenung an hiert Uleien matzedeelen.
An dësem Kontext gëtt och emmer ee Bilan vun den Aktivitéiten gemaach, bei deenen déi Jonk esouwuel hir Erfarung kënne mat deenen aneren deelen, wéi och léieren, konstruktiv Kritik ze äusseren a Verbesserungsvirschléi ze maachen. Et geet also och dorëms, am Grupp eng konstruktiv Feedback-Kultur ze schafen.