Aktivitéiten

Aktivitéiten sinn Momenter, bei deenen mir zesummen kommen, ewéi zum Beispill eis wöchentlech Versammlungen, Sortien, Weekender an Campen. Mir probéieren esou vill Ofwiesslung an eis Aktivitéiten ze bréngen, wéi nëmmen méiglech, an deenen Jonken soumadder Erausfuerderungen ze bidden. 
Weekender an Campen spillen dobäi eng wichteg Roll fir déi Jonk. Sie sinn net nëmmen fir e puer Deeg vun hirem gewinnten Ëmfeld getrennt, mais si erliewen zousätzlech intensiv tëschemënschlech Interaktiounen an engem net alldeeglechen Kader.