De Chef als Begleeder

D’Fonctionnement vum Grupp baséiert op der fräiwëlleger Aarbecht vun de Chef an den Memberen. Sie garantéieren d’Encadrement vun den Branchen.
De Chef sëtzt bei den Aktivitéiten den Kader an iwwerhëlt d’Roll vum Begleeder an Ënnerstëtzter. Hien steet den Jonken bei hirem perséinlechen Fortschrëtt zur Säit an motivéiert si, sech Zieler ze sëtzen an déi ze erreechen.
De Chef bereet de Jonken och lues a lues drop vir, Verantwortung fir sech selwer ze iwwerhuelen. 
De Chef geet zu all Moment mam gudden Beispill vir an motivéiert den Jonken, selwer Responsabilitéiten ze iwwerhuelen.