Learning by doing

D‘Method vum „Learning by doing“ ass, am Géigesaz zum formale Léieren, eng praktesch Method. Dëst soll dee Jonke ermonteren Neies eegestänneg auszeprobéieren an esou nei Erfarunge ze sammelen. Doduerch gëtt him d‘Angscht virum Neien an Onbekannte geholl an hie gesäit, datt een och Feeler maachen, an esou vill léiere kann.