Methode RaRo Perséinlechen Fortschrëtt De RaRo ass um Wee seng Perséinlechkeet ze festegenHien entwéckelt sech a verschiddene Beräicher weider an hëlt nei Eegeninitiativen Aktivitéiten De Clan kuckt zesummen ee Rythmus fir d’Versammlungen ze fannen, fir dass et enger grousser Unzuel un RaRo erlaabt ass, derbäi ze sinD’Aktivitéiten gin ënner Projeten organiséiertD’Decisioun vum Projet gëtt opgrond vun de Wënsch vun de RaRo an den Bedierfnisser am Ëmfeld gehollD’Ziel vum Projet ass et, sech an een Thema eranzeschaffen an d’Konsequenzen fir seng eegen Haltung ze zéienEt gin och Projeten am Ausland gemach fir dat weltwäit Engagement vun de Guiden a Scouten ze ënnerstëtzten Learning by doing D’RaRo sollen sech neien Erausfuerderungen stellenDe RaRo soll sech bewosst gin, dass hien eng gewëssen Verantwortung mat sengem Handelen vis-à-vis vun deenen aaneren RaRo dréitDës Erfahrungen sollen dem RaRo dono als Chef hëllefen Participatioun Déi zentral Iddie vun der Participatioun ass d’Matschwätzen, d’Matbestëmmen an d’MatgestaltenAll Aktivitéit muss fir d’éischt beschwat, duerchduecht a geplangt gin, éier se ëmgesagt ka gin Verspriechen D’Verspriechen huet bei de RaRo eng zousätzlech DimensiounDe RaRo dréckt mat séngem Engagement aus, wéi hien op dengem Wee liewen an sech an der Gesellschaft abrénge wëll Fir generell Infoen zu deenen verschiddenen Methoden, klickt hei